Den Zentrum fir politesch Bildung op Besuch am LTEtt!

D’Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung huet et haut ville Jonken aus dem LTEtt erlaabt sech op eng spilleresch Aart a Weis iwwert d’Gemengewalen ze informéieren. Beim “Iddie fëschen”  hunn se hir Meenung zu Theme wéi Transport a Veräiner an der Gemeng erabruecht. D’”Rad vun der Verännerung” huet si mat Froen zur Participatioun an der Gemeng konfrontéiert. Beim “Zesumme bauen” ass et drëms gaangen en Equiliber tëscht de verschiddene Stréimungen an enger Gemeng ze fannen a Prioritéiten ze setzen. Och eis Direktioun huet sech ee Bild gemaach an hat e puer flott Momenter! 
Skip to content