Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité:

Den 30. Januar huet den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) am Kader vun der Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité (27.01.23) ee Workshop zur däitscher Produktioun Ein nasser Hund organiséiert. D’Schülerinnen an d’Schüler vun der 2GSO1, 2GSO2 an der 2GSO3 hunn aktiv un dësem Workshop deelgeholl an d’Thema Identitéit unhand vum Film reflektéiert. Ein nasser Hund portraitéiert ee Kapitel aus dem Liewe vum Soheil, engem 16 Joer alen Iraner mat jiddesche Wuerzelen, dee mat senger Famill vu Göttingen an de Berliner Quartier Wedding zitt. Do ukomm, schléisst de Soheil Frëndschaft mam Husseyn a senge Kolleegen, déi arabesch, kurdesch an tierkesch Origine hunn a zesummen d’Gang The Wedding Tigers forméieren. Et dauert net laang, bis de Soheil mat Juddenhaass konfrontéiert gëtt – och vu sengen neie Frënn. De Soheil geréit an Identitéitskonflikter, déi net einfach ze léise sinn a wëll sech selwer fannen tëscht Léift an Haass, Schoul a Kriminalitéit, Versteesdemech a Virurteeler, Sech-Doheem-Spieren a Friem-Fillen an tëscht Frënn a Famill.. Wéi an ob de Soheil dës Konflikter léisen an ëm sech Verbonnenheet stëfte kann, huet d’Schülerinnen an d‘Schüler am Kader vum Workshop intensiv beschäftegt a vill waren sech eens, dass si um Enn vum Film een anere Wee ewéi de Soheil gewielt hätten.
Skip to content