Op Visitt am Musée Patton:

An der Woch virun der Fuesvakanz hunn d’Schüler*innen vun der 2GSO3 de Musée
Patton zu Ettelbréck besicht. Bei der Visitt huet de Guide den Akzent op den
Zweete Weltkrich zu Ettelbréck an Ëmgéigend geluecht. D’Klass krut déi
permanent Ausstellung gewisen a krut sou een Abléck an d’Lokalgeschicht. Et
ass iwwer Theme wéi däitsch Besatzung, Alldagsliewen am Krich, Befreiung,
Patton Town a Remembrance Day diskutéiert ginn.

Skip to content