Visitt vum Här Marco Wagener am Kader vum YEYS 2023:

De 24. Februar hunn d’Schülerinnen an d‘Schüler vun de Klassen 3GSO1 an 4GCMP2 sech am Festsall vum LTEtt versammelt, fir un der Visitt vum Här Marco Wagener deelzehuelen. Den Här Wagener ass Member vum European Economic and Social Committee (EESC). Am Kader vun den Your Europe, Your Say! 2023 organiséiert den EESC den 23. a 24 Mäerz zu Bréissel d’Youth Democracy Dialogues, un deenen den LTEtt zesumme mat 34 weideren europäesche Schoulen deelhëlt. Dëst Joer steet d’Engagement an d‘demokratesch Participatioun vu Jugendlechen am Zentrum. Wärend senger Präsentatioun huet den Här Wagener de Schüler d’Europäesch Union (EU) méi no bruecht, se mat der Aarbecht vum EESC vertraut gemaach a gewisen, ewéi si sech an der EU kënnen abréngen. Zwou Schülerinnen vun der 4GCMP2 an ee Schüler vun der 3GSO1 vertrieden den LTEtt am Mäerz bei den Youth Democracy Dialogues an der Haaptstad vun Europa.

Skip to content