Ausfluch Influence de l‘homme sur l‘agriculture Hollenfels:

Den 13. Mäerz war 4GSO3 an de Mariendall op een Ausfluch zum Thema “Influence de l‘homme sur l‘agriculture”. Hei hunn si an zwee verschiddenen Ateliere geschafft. An deen engem Atelier hunn si do baussen an der Natur no Saache gesicht déi ee brauch fir kennen ze iwwerliewen an duerno hunn si déi Saachen analyséiert. Punkten hei waren: Schutz, Waasser, Offall an Iessen. An engem zweeten Atelier hunn si missten zwou Generatioune vu Baueren duerchspillen. Hei hunn si missen Decisiounen huelen a wéi eng Richtung sech hire Bauerenhaff entwéckele géif. 

Skip to content