Module Electrotechnologies 2:

Als Intro zum Thema “das Stromnetz” am Module Electrotechnologies 2 sinn d´Schüler vun der DP1ET a Begleedung vum James DOOLEY, Pol MEDERNACH a Steve GROEBER op de Rouscht bei d´CREOS gefuer.

Den Här Alain CAPORALI vun der CREOS huet hinnen an engem Konferenzraum een Abléck an d´Stroumnetz zu Lëtzebuerg ginn. Si krute Schaltungspläng vun der Nidder- a Mëttelspannung op den Dësch geluecht a konnte gutt erkennen dass d´Netz am „Loop-System“ opgebaut ass. Dat heescht, wann eng Leitung sollt futti goen oder een Transformator (Trafo) ausfale sollt, dann ass nach ëmmer eng Méiglechkeet do déi betraffen Dierfer mat Stroum ze versuergen.

D‘Schüler kruten dobäi och d´Funktioune vun den Isolatoren erkläert. Den Isolator ass noutwendeg well bei der Héichspannung (220kV) kann een e Stroumschlag kréien ouni d´Leitung unzepaken, dofir ass eng Mindestdistanz vun 2 Meter anzehale bei 220kV (den Isolator ass mindestens 2 Meter laang).

Ausserdeem goufen hinnen d‘Erausfuerderunge vun der E-Mobilitéit presentéiert. Déi neidesch Moossnamen si schonn amgaang; zum Beispill gëtt mat der Spannung an de nächste Level geschalt mat der geplangten 385kV Leitung.

Donieft kruten si déi al Schaltungsanlag/Transformatorstatioun gewisen, déi am Moment ersat gëtt duerch eng GIS-Anlag (Gas Isolierte Schaltanlage). Déi néi GIS-Anlagen si vill méi kompakt wéi déi „al“ Anlagen well d´Leitunge vun engem Gas isoléiert sinn dofir brauch een net méi déi 2 Meter Mindestdistanz.  De Gas verhënnert den elektresche Liichtbou, dee bei enger Héichspannung entsoe kann.

D’Schüler haten een interessanten Dag op deem si vill Andréck sammele konnten!

Skip to content