Eis Meederchers-Ekipp war aktiv!

Am Kader vum Futsal fir Meedercher, organiséiert vun der Lasel, hunn mer mat enger Ekipp vum LTEtt deelgeholl. An der Virronn am LCD zu Dikrech, hunn mer déi gutt 2 Platz beluecht déi gläichbedeitend war mam Weiderkommen an d’Finalronn. No 2 Victoirë géint den LCD an den LTA hunn mer eis just missten dem grousse Favorit EPSA, an der leschter Minutt 2:1 geschloe ginn.

An der Finalronn am LGL, si mer an eiser Poule zweete ginn, hannert dem LTL, a sinn domat an d’Halleffinall angezunn. Leider hunn mer eis do missten der EPSA (dem spéidere Schlussgewënner) 0:3 geschloe gin. Trotzdeem war et eng ganz gutt Leeschtung vun eiser Ekipp aus dem LTEtt.

Folgend Spillerinnen hunn matgespillt:

Marcia Teixeira Bastos, Sara Lage Da Silva, Zoé Turpel, Beatriz Alves Teixeira, Nicole Guerreiro Bras, Launa Morn, Ana Rebelo Brandao, Beatriz Belchior Da Cruz, Sara Gomes Sobral

Skip to content