Ee flotten Ausfluch an Éisträich!

De 25.3 um 23 Auer hunn sech 16 Schüler an 3 Proffen op de Wee op Obertauern an de Skistage gemaach.


Zesumme mam Lycée Belval an der École Privée Sainte Anne si mir no enger ustrengender Nuecht midd awer voller Virfreed an Éisträich ukomm. Mir haten zwar leider net dat bescht Wieder, mais mir hunn dat Bescht draus gemaach.


Souwuel eis Ufänger, wei och eis Experten haten eng gutt Zäit am Schnéi, an och bei de Freizeitaktiviteiten. Freides Mëttes hunn mir eis op den Heemwee gemaach a freeën eis lo schonn op d’nächst Joer.

Skip to content