En Deel Geschicht vun der Mobilitéit am LTEtt:

Den Etienne Lenoir, deen 1822 zu Mitzeg am Kanton Virton gebuer gouf, wat deemools zu Lëtzebuerg gehéiert huet, huet den éischte Verbrennungsmotor entwéckelt an esou d’Geschicht vun der Mobilitéit matgepräegt. Als Hommage u säin Erfannungsgeescht huet den LTEtt zesumme mat der Fondatioun Lenoir e Owend organiséiert, an deem d’Liewen an d’Wierk vum Lëtzebuerger am Mëttelpunkt stoungen.

No engem biografeschen Exkurs iwwert de Liewenswee vum Lenoir, virgestallt vum Francis Schartz, fréiere Direkter vum LTEtt, gouf et dunn technesch Erklärungen zum Motor.  Héichpunkt war eng  Mise en marche vum Nobau vum Motor. Fir nozevollzéien, wéi d’Fondatioun Lenoir beim Nobau virgaangen ass, gouf et och e Kuerz-Film iwwert de Bau vum Motor. Ofgeschloss gouf de gesellegen Owend mat engem Patt, bei deem een och nach Zäit hat eng Foto-Ausstellung an Nobaute vun historesche Gefierer ze bewonneren.

Nieft villen Anciene vum LTEtt waren och e ganze Koup technikbegeeschtert Externer an de Lycée komm a vill Fachgespréicher waren den Owend ze héieren.

D’Fondatioun Lenoir ass dono awer och nach e puer Mol an de Lycée Technique vun Ettelbréck komm fir interesséierte Klassen ze demonstréieren, wéi de Motor funktionéiert a fir iwwert de Lenoir a säi Liewe vum Bauerenduerf bis op Paräis ze informéieren. Déi Jonk waren awer och ganz vill drun interesséiert, wéi et dann elo an Zukunft mat der Mobilitéit weidergeet. Dëst Thema wäert dann och bei enger nächster Konferenz opgegraff ginn….

Merci whynotmax.photography fir d’Bereedstellen vun de Fotoen!

Skip to content