Vernissage 1001Tonnen@Lycée:

De Sensibiliséierungsprojet 1001Tonnen@Lycée hat den 28.03. hei am LTEtt Vernissage. Wärend engem Trimester hu Schüler:inne vu 7 Klassen sech mat der Problematik Offall beschäftegt an d’Fotografin Jessica Theis huet mat hirer Ausstellung 1001 Tonnen eis Schüler:innen zu eegene Wierker inspiréiert an si beim kënschtleresche Schaffen ënnerstëtzt. Dës nei entstane Konschtwierker sollen lo rëm weider Jonker ureegen sech mam Thema Offall auserneenzesetzen an drop opzepassen, datt eis Ëmwelt net weider verschmotzt gëtt.

Verschidden Aktivitéiten vun der 1GSO & 2GSO Optioun Lifestyle

Am Lycée Technique Ettelbréck hunn eng 2e an eng 1e GSO an der Optioun Lifestyle Coaching wärend dem 2. Trimester eng ganz Rei Aktivitéite gemaach fir sech mat der Offallgestioun zu Lëtzebuerg auserneen ze setzen.

Et goufen insgesamt 4 verschidden Aktivitéiten:

  • Workshop iwwer Fotograféieren a Fotoe vun illegalem Littering maachen, auswielen a verschaffen. (Zesummenaarbecht mat der Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis, déi d’Fotografie zu hirem Beruff gemaach huet.)
  • Eegestänneg Organisatioun an Duerchféierung vun dräi verschiddene Betribsbesichtegunge (SIDEC um Fridhaff, SIDEN op der Bleesbréck a SUPERDRECKSKESCHT zu Colmar-Bierg) fir sech op der Plaz e Bild vun der Offallgestioun zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen.
  • Ausschaffen an sech Auserneesetze mam legale Kader, mat den ekologeschen a finanziellen Aspekter vun der  Offallgestioun an Dokumentatioun op Powerpoint-Sliden.
  • Sech Auserneesetze mat ville verschiddenen Approchen zur Offallverwäertung a Vermeidung an Usätz zur Sensibilisatioun: Dokumentatioun op Powerpointsliden an Erschaffe vu klenge Kuerzfilmer.

Skip to content