D'Klassen CC2DE & DC2DE am Mini-Musée:

De 19.04 waren déi 2 Klassen zesummen mat hire Proffen zu Feelen op Visitt am Atelier André a kruten eng Sammlung u Minien präsentéiert. Hei e puer Andréck vun de Schüler:

“Eng impressionnant Sammlung u Minien an interessant Geschichten zu de verschiddenen Autoen. Merci dass mir hunn dierfe kucke kommen!”

“Et war eng cool Erfarung déi Sammlung vu Minien ze gesinn!”

“Ech hunn et ganz interessant fonnt Autoen ze gesinn déi ech nach ni gesinn hunn an och ze gesinn wat fir eng propper Aarbecht un deenen Autoen gemaach gouf. Merci fir d’Visitt!”

“Et ass een erstaunt doriwwer wéi vill Méi d’Leit sech fréier ginn hunn fir Autoen komplett ze restauréieren oder fir souguer eege Modeller zesummenzebauen!”

Mir si frou dass et hinnen esou gutt gefall huet a si vill flott Impressioune matgeholl hunn!

Skip to content