D’ Studente vum ‚ BTS entreprises et développement durable hunn am Kader vum Module Ecologie appliqué och Landschaftsanalysen um Programm , wou si den Afloss vum Mënsch op äis Ëmwelt um Terrain beobachten an erfuerschen.
Di 1 vu 4 Sortien huet si op Reiterlay am Mariendall gefouert. Vun do haten si en Iwwerbléck op eng Parzell déi well säit dem 13Jh bebaut a bewirtschaft gouf. Mëttes konnten si sech selwer an d‘ Roll vum Bauer versetzen, an duerch e Generatiounsspill d‘ Verännerunge vu der Agriculture zu Lëtzebuerg vu 1900- elo novollzéien.
Sortie 2: Kayl Leiffräschen
Di 2 vu 4 Sortien huet de BTS “Entreprise et développement durable” an de Südoste vum Land op Kayl gefouert. Hai si mer gestart vum “Monument des mineurs” a getrëppelt duerch d‘ Léiffreschen – en Naturschutzgebitt an den ale ‚Tagebau‘ Gebitter.
Net nëmmen di verschidde Minett – Gestengs Schichten, mee och Fossilien an eng Extra Planzen- an Déierewelt konnte mir dobäi gesinn.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy