Ee Programm vun der JEL an e puer Präisser fir d'Schüler aus dem LTEtt:

De 4. Mee hunn 3 Schüler aus dem LTEtt um Innovation Camp, ee Programm vun der JEL, dee sech an de Raimlechkeete vun der Bank Raiffeisen zu Leideleng ofgespillt huet, deelgeholl. 11 Ekippen, zesummegesat vu SchülerInnen aus 16 verschiddene Lycéeën aus dem ganze Land, kruten eng ganz kloer Missioun : Wéi entwéckelt sech d’Raiffeisebank an deenen nächste 15 Joer ?

Ee ganzen Dag haten déi jonk Entrepreneuren Zäit innovativ ze si fir dann owes dem Jury hiert Konzept vun der Bank vun der Zukunft virzestellen. Den Daniel, Schüler vun der 2TPCM1, huet mat senger Ekipp de Präis « Coup de cœur » fir hire Projet vun enger inklusiver Bank gewonnen an de Joël, Klassekomerod vum Daniel, konnt mat sengem Grupp an dem Konzept « R-Homes » déi 3. Plaz vum Concours mat enger aktueller Problematik gemaach.

Nieft engem ustrengenden an intensiven Dag, hunn eis 3 Schüler vill geléiert an hiren Entrepreneursgeescht staarke kënnen :

«  Et war eng interessant Erfarung an ech géif direkt nees um Innovation Camp deelhuelen! Ech ka jidderengem recommandéiere matzemaachen. Et war flott mat anere Schüler a Schülerinnen aus anere Lycéeën, déi een net kennt, zesummenzeschaffen an et kënnt een aus senger Comfort Zone eraus wann een zum Beispill just Englesch schwätze muss, fir datt och jiddereen sech versteet. » – Daniel Coelho Cilio

« J’ai adoré! J’ai appris à m’adapter et à m’intégrer à un groupe d’élèves que je ne connaissais pas. » – Naomie Bongato Mbolo Belanga

« Wärend dem ganzen Innovation Camp war eng gutt Stëmmung a mir goufe gutt empfaangen. Mir hu vill nei Leit kennegeléiert an et si vill flott Iddien entstanen – wie weess, vläicht wäerte mir déi eng oder aner an der Zukunft gesinn ! Et war eng flott Erfarung. » – Joël Correia 

Skip to content