Merci fir d'Laanschtkommen op eiser Porte ouverte leschte Samschden!

En extra Merci dem Personal an eise Schüler:innen, déi de ganze Moien am Asaz ware fir ganz individuell Visitten an Atelieren ofzehalen!

Selwer e Gefier zesummebauen ….dat kann een op der GIG!

Selwer e Gefier zesummebauen … an elo muss et awer och nach getest ginn!

Wien huet beim Quiz vun der Commerce-Klass 3GCMP da lo gewonnen?

Eise BTS huet sech och presentéiert

Bei der Bakstuff vun der 2TPCM1 gouf et och eppes ze schmaachen

Bei de Smart technologies

An der Schweesserei

Am Garage

Eis PS-Schüler am Asaz … dat war eng méi bluddeg Geschicht

Demonstratioun vum FALT-Team (First Aid Team LTEtt)

An eisem Projet d’établissement steet d’Wuelbefannen am Mëttelpunkt. An och iwwert de Projet SES an de Konzept vum iteach konnt ee méi gewuer ginn

E virtual reality – Spill ….wien fënnt de Schatz um LTEtt-Campus?

Den S-Team huet net nëmmen iwwert Projeten informéiert, mee och lecker Häerzkichelcher verdeelt.

D’3GCMP huet Séisses fir e gudden Zweck verkaaft: si sammelen fir en Ausfluch an Irland

De Schülercomité huet Croque Monsieuren a Cake pops zervéiert

An der Physik

Erneierbar Energien …am LTEtt scho laang en Thema am Cours

Och fir déi ganz Jonk haten eis Informatiker eppes virgesinn

Äddi a Merci fir äre Besuch, soen eis Schoulmuppen! A bis nächst Joer, gell?

Skip to content