"Wéi geet et dir?" "Gutt" soe mir all, och wann dat net sou ass!

Fir déi Jonk fir d’Thema “santé mentale” ze sensibiliséieren, hunn d’Leyla, d’Lena an den Ivanildo aus eisem Lycée beim Projet #shareyourcloud matgemaach. Hei e puer Impressioune vum Vernissage an hirer Expo. D’Gedanke vun de Jonken hunn de Kënschtler Raphael Gindt inspiréiert fir eng Mauer an Ettelbréck ze gestalten, déi beim Laanschttrëppelen drun erënnert och eis “Wolleken” ze deelen. D’Konschtwierker vun eise Schüler:inne sinn nach bis zur Päischtvakanz am LTEtt ausgestallt. Merci dem Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires CEPAS, der Ville d’Ettelbruck an dem Centre Hospitalier du Nord fir déi gutt Zesummenaarbecht!

Skip to content