D'S-Team aus dem LTEtt huet ee flotte Festival organiséiert!

Fir eisen zweeten internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen an eise Chartadag, huet d’S-Team dëst Joer fir de 16ten Mee, moies positiv Message verdeelt a mëttes e World Food Festival am Ltett organiséiert. 

Moies frei hu mir der ganzer Schoulgemeinschaft Käertercher ausgedeelt zu deenen ënnerschiddleche Wäerter aus der Charta. Dorop konnt e positiv Message a kleng Geste drop erëmfannen, déi e ganz aktiv ka liewen am Schoulalldag. 

Mëttes goufe flott Iessstänn vun ënnerschiddleche Klassen ugebueden, a vu gudde Plat’en bis séiss Dessert’en war alles mat derbäi an et konnt e säi Gaume richteg verwinnen. 

Dat ganzt S-Team seet dofir jidderengem Merci den dozou bäigedroen huet eis Wäerter ganz aktiv ze liewen an sech sou am Sënn vun eiser Schoulgemeinschaft agesat huet.

Och eis LTEtt-BAND huet fir super Stëmmung gesuergt an et war flott ze gesi wéi e positiven Afloss d’Musek op d’Zesummesinn huet. Et war e flotte Moment an dat ganzt S-Team freet sech schonn op de nächsten Challenge 🙂

Ee Bléck hannert d'Kulissen:

Preparatioune fir de World Food Festival: 

 

D’S-Team war fläisseg amgaangen no der Schoul e flotten Event fir eis ganz Schoulgemeinschaft ze organiséieren. 

Si hunn sech, wéi ëmmer, mat ganz vill Fläiss a Witz engagéiert.  

Et ass eng Freed mat hinnen ze schaffen!

Skip to content