"Unesco Weltnaturerbe Wattenmeer":

Zu am Ganzen 73 waren eis 2e an 3e-Klassen vun de Sektioune PS & SN zesumme mat hire Proffen op déi schéin Insel Norderney. Hei ass eng kleng Zesummefaassung vun e puer flotten a léierräichen Deeg:  

Moin, moin! D’3GPS1, d’3GPS2, d’3GPSF, d’3GSN an d’2GSNF si gutt op der Insel Norderney ukomm. Gëscht gouf du mol d’Insel entdeckt an awer och schonn déi éischt Analysen am “Unesco Weltnaturerbe Wattenmeer” duerchgefouert. Léif Gréiss vun der Insel!

Mëtt der Woch stoung um Programm vun der 3e GPS/F an der 2e GSNF / 3e GSNF aus dem LTEtt „Norderney discovery“, d.h. d’Watt erfuersche mat gratis Fango-Bulli , am Mier fësche mat ganz héije Stiwwele an en Ausfluch bis an de “wëllen” Oste vun der Insel!

Och d’3e GPSF an d’3e/2e GSNF hunn sech lo am Watt getraut de Fango als Gesiichtsmask ze huelen. D’3GPS2 huet monter gefëscht an dono Wattprouwen op Wattwiirm a Co ënnersicht. D’3e GPS1 war Muschelen an e Sonnebrand an de “wëllen” Oste asammelen.

E leschte Moin, Moin vun der Norderney! A schonn ass en do, vill ze fréi, de leschten Dag! D’3e GPS1 huet vill Qualle gefëscht, d’3e GPS2 war am Oste gestrand fir no Schëffer an Déieren ze sichen an d’3e GPSF huet am Labo gefuerscht. An elo geet et rëm heem. E grousse Merci dem Fonds National de la Recherche, Luxembourg (FNR), deen dëse Projet scho säit Jore finanziell ënnerstëtzt! Déi Jonk hunn eemoleg Erfarunge gesammelt an e wonnerschéint Ökosystem kennen a schätze geléiert!

Skip to content