Eng flott a spannend Aventure beim SNJ am Mëllerdall!

Fir mat de Schüler vun der 5G5 mol eppes anescht ze erliewen, wéi de klassesche
Schoulalldag a si gläichzäiteg fir hir am Grousse a Ganze positiv Leeschtung a hiert
d‘Verhalen ze belounen, hunn de Ben Dratwicki (FRANC) an ech (Marc Steffen,
Regent, HIST) een Dagesausfluch bei den SNJ an de Mariendall organiséiert.

Souwuel d‘Schüler vun der 5G5 wéi och de Ben an ech hunn den Dag voll a ganz
genoss. Et war eng immens Erfarung d’Schüler an engem aneren Ëmfeld kennen ze
léieren an si konnten aus sech rausgoen, souguer deelweis iwwert sech erauswuessen a ganz nei Erfarunge maachen. Alles an Allem ee gelongen a flotten Dag am Mariendall!

Mir soen dem LTEtt an dem SNJ fir dës Méiglechkeet villmools Merci!

Skip to content