Sport & Geescht fir ee gudden Zweck!

De 25.Mäerz 2023 haten de Service Technique an de Projet d’établissement vum LTEtt en Fussball Turnéier an e Quiz Nomëtteg fir d’Personal organiséiert.

Hei konnte Moies déi verschidden Ekippe weise wat se an de Been hunn andeems se an engem Mini Turnéier géinteneen ugetruede sinn, éier et da Mëttes éischter em dat am Kapp gaangen ass an si hiert Wëssen ënner Beweis stelle konnten. Dotëscht gouf et et dann och eppes fir an de Bauch an eppes géint den Duuscht.

Déi ganz Recettë vun 1300 € vun dësem Dag goufen dunn den 19.06.2023 ënnert der Form vun engem Scheck un d’Associatioun Solidarité Jeunes gespent. Hei kommen d’Suen jonke Leit ze gutt, déi a schwierege Situatioune sinn an op extern Hëllef ugewise sinn. Villmools Merci der Madame Kridel vun der Fondatioun Solina déi de Scheck entgéint geholl huet. 

E grousse Merci och u jiddereen dee bei dësem Dag dobäi war!

Skip to content