Ee flotten Dag zu Brühl!

Dënschdes, den 20. Juni ass et um 7.00 Auer lass gaange fir mam Bus op Brühl ze fueren. Jidderee war pünktlech do. Am Phantasialand si mir a klenge Gruppen op verschidde Spiller gaangen. Mir hunn eis ëmmer rëm begéint a konnten eis Andréck austauschen. Et war immens flott. Di 2 Klassen hunn ganz vill Interaktioun ënnertenee gehat. Si ware vu 4 Enseignantë begleet: Mme Pascale Kasel, den Här Max Hilger, den Här Alex Pepin an d’Mme Fabienne Thill.

Skip to content