Präsentatioun vun der Police an der Douane:

Den 22. Juni hate mir eng flott Präsentatioun vun der Police an der Douane hei am LTEtt.

E puer Vetrieder aus deenen 2 Beräicher waren esou fein an hu sech bereet gestallt deenen interesséierte Schüler hire Beruff méi no ze bréngen. Si sinn an eise Lycee komm an hu viru bal 100 Schüler eng interessant Virstellung gehalen.

Dat Ganzt ass entstanen als Engagementsprojet vun e puer Schüler vun der 2GSO1, an zwar dem Andrea, dem Elena, dem Kenan an dem Meris. Déi 4 Schüler si selwer interesséiert spéider eventuell de Wee zum Polizist oder Douanier anzeschloen an hu sech dat Thema rausgesicht fir sech ze engagéieren.

Si sinn op d’Iddi komm, well si fonnt hunn dass et och anere Schüler kéint hëllefen déi 2 Beruffer méi genau an aus enger anerer Perspektiv ze entdecken. Hei kruten déi interesséiert Schüler d’Geleeënheet hir Froen ze stellen an et fält hinne spéider vläicht méi einfach sech fir dëse Wee ze entscheeden.

Duerch d’Organisatioun vun esou engem Projet hunn déi 4 engagéiert Schüler ausserdeem gesinn u wat een alles muss denke fir esou eppes op d’Been ze stellen. 

Si hunn dat ganz disziplinéiert gemaach a ware selwer schonn immens gutt virbereet. Hir Proffen hunn hinne quasi just nach missen iwwert d’Schëller kucken!

Mir freeën eis dofir em sou méi dass hire Projet ee vollen Erfolleg war a soen de Vertrieder vun der Police an der Douane villmools Merci dass si sech Zäit geholl hunn fir bei eis ze kommen!

Skip to content