Kulturdeeg 2023 am LTEtt!

Dëst Joer goufe folgend Workshops ugebueden: Djembé mam Mohammed Soumah, Danze mam Manon Jäger an English Drama mam Laurence Schaack hunn d’Emotioune bei onse Schüler:innen zum Vibréiere bruecht.

An de Liesungen hunn emouvant Temoignage d’Schüler:nnen zum Nodenke bruecht. Besonnesch op d’Gefor vum “abus sexuel” opmierksam gemaach gouf an der Liesung vun der Dr. Mary Faltz, Auteure vun “Cruelly betrayed” an “My father, convicted child molester and wife beater”.

 

D’Dr. Mary Faltz krut no der Liesung och ee ganz emouvanten Temoinage geschéckt: 

“Gudde Mëtten Dr. Mary,

Nodeems eisen Enkel ee Virtrag vun Iech erlieft huet zu Ettelbréck, huet hien eis nogeluecht Äert Buch ze liesen, wat ech an engem Zuch duerchgelies hunn . Är Positivitéit hëlleft Iech duerch déi vill Turbulenzen, och wann et net ëmmer einfach ass. Dat soen ech net nëmmen esou, mee ech hunn och Erfarunge gemaach déi net schéi waren an och meng positiv Astellung huet mir villes méi licht gemaach, wat D’Doktere mir och ëmmer bestätegt hunn. Mee Äert Buch misst an al Haushalt am Regal stoen, esou informativ, hëllefräich an ontechnesch geschriwwen, fir jidderee gutt zu verstoen. An all Beräich kann dëst Buch hëllefräich sinn, op ee Problemer mat Drogen oder Alkohol huet oder mat enger Krankheet confrontéiert ass, Äert Buch hëlleft engem ëmmer weider ze maachen. 
Ech wënschen Iech vu ganzem Häerzen dass d’Liewen elo ganz vill schéi Jore fir Iech an är Famille bereet hält!
MERCI”

An der Virliesung vun “Le départ” vum Kerstin Medinger huet ee gesinn, datt d’Sich no sech selwer net ëmmer einfach ass an awer Acceptanz a Rou bréngt.

An och de Krav Maga, proposéiert vum KM Norden, huet eis Schüler:innen net nëmmen an d’Schweesse bruecht, mee huet hinnen d’Méiglechkeet ginn erëm e Gläichgewiicht (an sech selwer) ze fannen.

Skip to content