Vill Impressioune fir eis Schüler am Elsass:

Ugefaangen huet dës Rees mat engem Spadséiergang duerch déi idyllesch Gaasse vu Stroossbuerg. Duerno stoung eng guidéiert Visitt am Europaparlament um Programm.

 

Owes kruten si dunn een Abléck an déi kulinaresch elsässesch Kiche wou eng traditionell Flammekueche net feelen duerf.

 

 

Mir hunn den Dag op enger flotter Terrass op der Place du Marché Gayot ausklénge gelooss.

Den Dag drop goung et dunn an d’KZ Natzweiler-Struthof wou d’SchülerInnen een Abléck an dat däischtert an trauregt Kapitel aus eiser Geschicht kruten. Schockéiert konnte si sech op der Plaz ee Bild vun de Liewensbedingungen am Aarbechtslager maachen, wou och 416 Lëtzebuerger hibruecht goufen.

 

Mat villen Impressiounen am Gepäck gouf am spéide Nomëtteg d’Réckrees ugetrueden.

Skip to content