Eng flott Schnupperwoch virum Schoulstart!

De Projet «Open School» am LTEtt, soll de Schüler/-Innen, déi aus dem Fondamental an de Lycée wiesselen, een optimale Start an hire neie Schoulwee bidden an d’Rentrée an di nei Schoulgemeinschaft erliichteren. Si hunn esou d’Méiglechkeet hier Matschüler, d’Gebai an och d’Personal scho virum Schoulstart kennen ze léieren. Iwwert déi Deeg hu mir Aktivitéiten organiséiert, wéi z.B. Aktivitéiten am Mariendall, Spiller um Schoulterrain a villes méi. Et mëscht de Schüler wéi och de Begleeder vill Freed a mir freeën eis ob e flott Schouljoer mat eise neie Schüler. 😊

Skip to content