SES - Labelzeremonie:

 E grousse Merci un d’Adama, d’Coumba, d’Naomie, d’Neuza an den Tiago dass si sou äifreg matgemaach hunn!

Nodeems den LTEtt d’läscht Joer de Niveau 2  am  “Sustainable Entrepreunarial School” – Projet erreecht huet,  hu mir dann dëst Joer de Niveau 3  “Entrepreneurial Culture” erreecht. Dëst ass déi héchsten Auszeechnung vun déi een am Kader vun dësem Projet erreeche kann.

 

Den Dag vun der Labelzeremonie haten d’Schüler:innen aus de verschiddene Schoulen d’Méiglechkeet un engem Rallye deelzehuelen, wou si op verschiddene Posten Aufgabe gestallt kruten déi si hu misse léisen. 

 

D’Zil vum Projet ass den Entreprenariat, déi berufflech Orientéierung, den Ëmgang mat de Finanzen an d’Nohalteg Entwécklung an de Schoulen no vir ze bréngen. Heibäi entsteet eng enk Verbindung tëscht de Schoulen an den Entreprisen, vun där d’Schüler:inne op hirem zukünftege Wee profitéiere kënnen.

 

E Schwéierpunkt vun dëser Initiativ ass et de Schüler:inne déi sougenannte Sustainable Entrepreneurial Competences (SEC) méi no ze bréngen. Dozou gehéieren “Hardskills”, mee och Kommunikatioun, Kreativitéit, Zesummenaarbecht a kritescht Denken. Parallel ginn awer och Eegeninitiativ an Innovatioun gefuerdert.

 

Déi ganz Schoulgemeinschaft vum LTEtt ass en Deel vun dësem Projet an all zesumme setze mir eis fir eng nohalteg Zukunft op alle Niveauen an.

Skip to content