Am Bongert an op Besuch bei Ramborn:

An der Optioun „Lëtzebuerger Natur entdecken“ vun der 2GSO huet sech virun der Allerhellgevakanz alles em den Apel gedréint. Nodeems d‘ Klass den hauseegene Bongert besicht huet, sinn déi Woch duerno vun de SchülerInnen mat den Äppel, déi vun de 5G Schüler an der Optioun vum Mylène Schmartz gepléckt goufen, Äppeltaarte gebak ginn. Fir ze gesinn. wéi d‘ Fruucht nach verschafft ka ginn, si mir Ramborn op Buer besiche gaangen, wou mir an d‘ Konscht vun der Ciderproduktioun agefouert goufen.

Skip to content