Kleeserchersdag am LTEtt!

De Kleeschen hat den LTEtt gëschter net vergiess!
De Premierscomité huet di komplett Organisatioun an d’Hand geholl an den Dag zesumme mat de Premiersschüler, déi matwierke wollten, ëmgesat. Nodeems Moies jidderee säi Kostüm unhat ass et um 9 Auer bei deenen éischte Klasse lass gaangen. Bis an de Nomëtten war de Kleesche mat senge fläissegen “Helfer” ënnerwee an huet Kamelle verdeelt wann d’Klass bei de Mini-Challengë matgemaach huet. Natierlech gouf och Direktioun net vergiess.
Mir soen all de Bedeelegte Merci fir ee flotten, onvergiessleche Kleeserchersdag 🎅
Skip to content