Et war wanterlech a festlech am LTEtt!

Eise Wantermaart 2023 war e vollen Erfolleg!

Am ganzen hunn d’Schüler mat hiren Enseignantë 37 Stänn opgebaut. Et gouf Verschiddenes ugebuede vu Schneekegkeeten a waarmem Iessen, iwwert Dekoratiounsartikelen an esouguer Spiller. De Preau genau wéi de Schoulhaff ware gutt gefëllt, an et huet op deene leschte Schouldeeg u Chrëschtdagsstëmmung net gefeelt. An der Mëttegpaus an no der Schoul huet en “Open Mic” stattfonnt, wou Schüler konnte live optrieden

Een Deel vun de Suen déi d’Schüler era kritt hunn, ginn un d’ALAN (MALADIES RAREES LUXEMBOURG) gespent. Esou droe mir eisen Deel dozou bäi, dass Leit mat enger seltener Erkrankung hiert komplett Potential verwierkleche kennen.

E grousse Merci un all Hand déi gehollef an/oder matgemaach huet 😊

Skip to content