Eng léierräich Visitt bei der SuperDrecksKëscht:

De 9. Januar war eis 15ième vum BTS – Gestion d’entreprise et développement durable op Visitt bei der Superdreckskëscht. Hei sinn e puer Andréck déi si konnte sammelen: 
 D’Studente kruten erkläert wéi eng Gesten am Alldag wichteg sinn an op wat dass een oppasse soll. Informatiounen zu der Offallgestioun hei am Land goufe präsentéiert. 
An enger Aktivitéit gouf op verschidde Geforen opmierksam gemaach déi an Artikele virkomme kënnen. Konkret Statistiken hunn der Klass gewise wéi wichteg d’Effort’en am Alldag si fir de Klimaziler méi no ze kommen
No engem theoretesche Volet konnten d’Studenten e Bléck hannert d’Kulisse vun der SDK werfen. 
D’Visite guidée war de perfekte Moment fir Froen ze stellen a sech e Bild vun der Gestioun sur Place ze maachen.
Den Opwand um Niveau vun der Logistik a vun der Sécherheet am ganzen Center ware beandrockend.
Skip to content