D'Optioun „Lëtzebuerger Natur entdecken“ um Ausfluch op Lëntgen bei déi staatlech Frellenzuucht:

Den 10. Januar 2024 hu mir, d´Schüler vun der 2GSO mat der Optioun „Lëtzebuerger Natur entdecken“ een Ausfluch op Lëntgen bei déi staatlech Frellenzuucht gemaach. Wéi mir do ukomm sinn, krute mir als éischt e puer Basisinformatiounen zur Frellenzuucht: wéi sech d‘Eeër entwéckelen, wéi eng ee kann notze fir d‘Fortplanzung a wéi eng net. Mir kruten och d‘Larven a verschidde Stadie vun de Séifrelle gewisen, d‘Zuucht huet och Baachfrellen. Du krute mir och de visibelen Ënnerscheed vun den zwou Frellsaarten erkläert. Dono huet de Fëschmeeschter eis déi verschidde Basenge gewise, wou d‘Frellen dra liewe bis zu hirer Aussetzung. D‘Zuucht hat nach Frellen, déi nach net ofgesträift waren, déi hunn si eis extra gehale gehat. Mir kruten d‘Méiglechkeet och déi eng oder aner Frell ofzesträifen. Do hunn sech eis Meedercher als méi couragéis erausgestallt wéi eis Jongen; déi wollten d‘Frelle mol net upaken. Wärend mir d‘Frellen ofgesträift hunn, hu mir déi gutt Eeër vun de schlechten Eeër getrennt. Déi gutt kann een dann entweder fir d‘Fortplanzung benotzen, oder wéi mir fir Kaviar ze maachen. Normalerweis mécht d‘Zuucht dat net, mee wëll mir do waren, hu si eis ugebuede Kaviar ze maachen an och mat Heem ze huelen. Deen hu mir da preparéiert, geschmaacht an an Titercher gepaakt. Domat war eisen Ausfluch och riwwer a mir sinn zréck an d‘Schoul gefuer.

Skip to content