Den LTEtt huet Lëtzebuerg um Eurocup a Südtirol vertrueden:

Den 12. an 13. Januar hunn de Charel an de Luc vun der DC3MA zu Bozen a Südtirol um Eurocup deelgeholl. 

Am ganze ware 14 usprochsvoll Aufgaben ze léise fir déi d’Kandidate jeeweils just 40 Minutten Zäit haten.

Dat Ganzt ass vu Motorvermiessung iwwer Komfortelektrik, Motormanagement an Datebus-Technik bis zu enger Bremsreparatur gaangen.

Eise Respekt fir hiren Asaz! 

Deen nächsten Challenge sinn d’Luxskills op der YEP-Foire éier et dann am September op d’Weltmeeschterschaft op Lyon geet! 

Skip to content