D'Schoulaschreiwungen sinn op!

Mir sinn frou Iech matzedeelen datt de Jugendprogramm vum Luxembourg City Film Festival 2024 (vum 29. Februar bis den 10. März) publizéiert ass!

 

D’Schoulprogrammatioun ass op eis Internetsäit accessibel an d’Aschreiwungen sinn iwwert eise Onlineformular méiglech.

 

Mir invitéieren Iech iech eise Guide de l’Enseignant unzekucken, an deem d’Filmer no Thematiken an Alter vun de Schüler/innen zesummegefaasst sinn.

Eise pedagogeschen Dossier ass och op eis Internetsäit frei zougänglech.

 

Fir all Froen, weider Informatiounen oder wann Dir Rot braucht fir e Film oder en Atelier auszesichen, kënnt Dir eis gären op dës Adress kontaktéieren: register@luxfilmfest.lu

 

Mir freeën eis Iech an Är Klassen op de Luxembourg City Film Festival 2024 ze begréissen!

Skip to content