D'Theaterstéck ‘King Tel Mo Rei’:

Eis Theatergrupp an d’Optioun ‘Notz deng Bün’ waren den Donneschde Moien op Miersch an d’Kulturhaus d’Theaterstéck ‘King Tel Mo Rei’ kucken. 

Sou wéi am Roland Meyer sengem Buch Tel Mo, geet d’Theaterstéck ëm den Telmo, dee mat senge jonke 17 Joer am Jugendprisong sëtzt. Den Telmo huet den Elteren hiert Appartement a Brand gestach, säi fréiere beschte Kolleg ënnert e Bus gestouss, esou datt deen elo queeschschnëttsgeläämt ass, a mat Droge gedealt bis ee vu senge Clientë gestuerwen ass. Weder seng Mamm nach d’Betreier am Foyer, d’Police oder d’Justiz weess wéi et soll weider goe mam Telmo. D’Stéck weist wéi schwéier et ass sougenannte ‘Systemsprenger’ opzefänken. 

Nom Theaterstéck haten eis Schüler Geleeënheet an enger Diskussiounsronn sech mat den Acteuren  an dem Realisateur auszetauschen. Als Ofschloss gouf et och nach eng Foto mam Cast.  

Skip to content