E puer Andréck vun der Schoulfoire 2024:

De 27. Januar war déi traditionell Schoulfoire an der Däichhal. Wéi all Joer war et schéin ze gesinn datt vill Elteren sech zesumme mat hire Kanner informéiere komm si fir ze kucke wou hire Wee no der Primärschoul hiféiere soll! Och eisen LTEtt-Quiz hat vill Succès! Hei konnten déi Jonk zesumme mat hiren Elteren an engem Challenge an 2 Equipen hiert Wëssen zu eiser Schoul testen.  Deen nächste Rendez-vous dee mir Iech an deem Kader ginn ass de 4. Mee eis Porte ouverte!

Skip to content