De Grupp B vun der 5GIF3 war op een interessanten Tour!

Op dësem verhaangenen a kalen Dënschde Moien, den 30. Januar 2024, huet de Grupp B vun der 5GIF3 en Ausfluch an d’Stad vun hirer Schoul gemaach: Ettelbréck.

Dëse Circuit, deen d’Klass iwwert 2 Kilometer duerch d’Alstad an d’Foussgängerzon leet, féiert d’Schüler duerch eng geschichtsträchteg Stad. Op enge sëllege Panneauen hu si Informatiounen iwwert Ettelbréck fonnt, wat eng Stad ass, déi duerch de Commerce an d’Zuchverbindung am 19. Joerhonnert ugefaang huet ze floréieren. Vum Bottermaart, iwwert de Schoulhaff, wou fréier 550 Leit déi éischt Kéier d’Lëtzebuerger Nationalhymn gesongen hunn, bis hin zur Place Centrale, wou si e gëllene Stolperstee kucke konnten, war alles dobäi.

Skip to content