Mir presentéieren Iech d'Schoulmuppen aus dem LTEtt:

An de leschte Joren huet een ëmmer méi iwwert dat Thema „Pädagogie mat Déieren“ héieren, a speziell Schoulmuppen sinn ëmmer méi ausgebilt ginn. Si begleeden den Enseignant mat an d’Klass an huelen och aktiv um Unterrecht deel.

Den LTEtt huet sech Gedanke gemaach, wéi déi komplett Schoulgemeinschaft vun der Offer „Schoulmupp“ profitéiere kéint, an esou huet d’Enseignante Annick Jado 2022 d’Ausbildung mat 4 vun hire Muppen ugefaangen. D’Iddi hannendru war, dass d’Muppen sech net nëmmen ofwiessele kënnen, mä dass all aneren Enseignant, a virun allem all Klass aus dem LTEtt, d’Chance kritt, bei d’Schoumuppen ze kommen.

Am Oktober 2022 ass de Projet ugelaf an hat schnell grousse Succès. D‘Enseignantë kënne sech mat hire Klassen umellen, an 1x d’Woch zu bestëmmten Auerzäite bei d’Schoulmuppe kommen. Do profitéieren si net nëmmen dovunner, dass d’Muppen do sinn, mä dat Ganzt leeft och nach interaktiv. Sou kréie si an 2 Schoulstonne wichteg Informatiounen, wat et heescht en Hond ze hunn, Verantwortung ze iwwerhuelen, a si gi gewuer, wat eis 4-beeneg Begleeder alles maache kënnen: vun Agilitymuppen, iwwer Therapiemuppen bis hin zu Assistenzhënn, ass eng Hellewull un Erklärungen an Abléck an d’Liewe mam Hond méiglech. Weider ginn et nach fachiwwergräifend Spiller, si meeschteren zesumme mam Hond kleng Aufgaben, a léieren esou den Ëmgang an d’Koordinatioun mat engem Liewewiesen. 

Bis ewell huet de Projet e rise Succès, an et si schonn eng jett Klasse mat hirem Enseignant, an deem speziell fir d’Schoulmuppen ausgeluechte Sall, passéiert. D’Muppe si begeeschtert a freeë sech drop, mat hirer Besëtzerin bei d’SchülerInne „schaffen“ ze goen. 

Mir stellen Iech dann och elo eis 4 Schoulmuppe vir:

D’Happy ass eng 11-järeg Chihuahua-Madamm, déi eng flott Agilityskarriär hannert sech huet. Hatt ass vill national an international Competitioune gelaf, a kann als Héichtepunkte seng 3 Qualifikatioune fir d’European Open (Europameeschterschaft), a seng 2 Landesmeeschterschaftstitelen am Team Small verzeechnen. Obwuel hatt 11 Joer huet, ass hatt nach toppfit, un allem interesséiert, an d’SchülerInne sinn ëmmer erëm begeeschtert, wat dee klengen Hond esou drop huet.

De Lucky ass en 10-järege spueneschen Terrier-Mix. Hie gouf a sengem éischte Liewensjoer adoptéiert an huet scho villes erlieft. Ëmsou méi schéin ass et, wéi hien a senger Aufgab als Schoulmupp opbléit, a wéi frou d’SchülerInne mat him sinn, well hie weist, dass een am Liewe villes erreeche kann, wann een sech traut. 

De Party ass e 6-järege Sheltie, deen nach aktiv Agility leeft. Hien ass 2022 fir Lëtzebuerg op der European Open gelaf, a leeft och weiderhin nach national an international Competitiounen. Hien ass e grousse Kuschelbier a kann et ni erwaarden, bis d’SchülerInnen endlech do sinn.

D’Dreamy ass eng 4-järeg Sheltiemadamm, an huet seng Famill bedéngt duerch säin Handicap (et huet just een A) misste verloossen. Hatt weist, dass och eng kierperlech Aschränkung net onbedéngt eng Aschränkung fir d’Liewe bedeite muss. Hatt start dëst Joer seng aktiv Agilityskarriär, an och an der Schoul steet hatt deenen aneren an näischt no. 

Skip to content