D'Ekipp vum LTEtt um Dëschtennis-Championnat zu Réiden:

Donneschdes, den 29.02.2024 war den LTEtt mat 2 Teams um Dëschtennis Ekippen-Championnat vun der LASEL zu Réiden am ALR aktiv. Pro Renconter hu misse jeeweils 2 Eenzel an eventuell den entscheedenden Doppel gespillt ginn.

An der Kategorie “non-affiliés” konnten de Bryan an de Yonatan eng 11. Platz ënner 25 Equippen erausspillen.

An der Kategorie “D” sinn den Ivanildo an den Zijun op déi 10. Platz ënner 16 Equippe komm.

Déi 4 hate Spaass an hunn sech gutt dru ginn!

Dobäi waren:

Delgado Jesus Bryan (4GSOF)

Resch Yonatan (6G1)

Vieira Diniz Sequeira Ivanildo (6P2)

Xion Zijun (ACCU1)

Hinnen ee grousse Merci!

Skip to content