Business Days op den 3GCM-Klassen:

Den 29. Februar an 1. Mäerz waren déi 2 lescht Deeg vun de Business Days op den 3GCM-Klassen. No enger flotter Interventioun vum M. Daniel Eischen vu Concept Factory zum Thema “Service à la clientèle” hunn déi ronn 40 Schüler an hire Gruppen d’Marketingstrategie zu hirem Produkt ausgeschafft fir déi Freides kënne virzestellen. Ausserdeem hunn si ee fiktiven Interview op engem Stand misste maache fir hire Produit dem Client ze verkafen. Déi ganz Business Days goufen du freides mëttes ofgeschloss mat engem Ausflug op d’Vente en commun vun de Mini-entreprisen an d’Belle-Etoile wou d’Schüler konnten déi 90 Verkafsstänn entdecken.

Skip to content