Eng super Leeschtung vun der Ekipp aus dem LTEtt!

Nodeems eis VEX Ekipp, d’CyberKnights, sech als Lëtzebuerger Champion ausgezeechent hunn, ass d’Ekipp op Basel an d’Schwäiz gefuer, fir do op der nationaler Competitioun “VRC” deelzehuelen. Zesumme mat den “Delulu”s , enger Ekipp aus dem LAML, sinn eis 4 Talenter op weider 19 Ekippen aus der Schwäiz gestouss. No e puer opreegende Momenter sinn d’CyberKnights dunn op der 3. Plaz gelant. Eng super Leeschtung vun eiser Ekipp! Mir soen all de Participante Merci! 

Skip to content