De 7. Mäerz war den LTEtt mat enger Ekipp um LASEL Basket-Tournoi fir Minimes am LGL an der Stad vertrueden. An der Virronn hunn si géint d’Ekippen aus dem LAML, EEL (spéidere Schlussgewënner) an LEM gespillt an eng gutt 2. Plaz erreecht! Domadder konnten si sech fir d’Final-Ronn qualifizéieren. Hei haten si weider 4 Matcher géint den LGL, LRSL, AL an LGK. Um Enn ass eng gutt 9. Plaz ënner 20 Ekippe rausgesprong. Mir felicitéieren hinne fir dëse flotte Succès!
Matgespillt hunn: Dilson Furtado Correia, Malik Ajdinoski, Elijhas Dos Santos, Kiara Lopes Morais, Dan Kayser an Bryan Santos Dos Reis Moniz
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy