Mir begréissen eis Partnerschoul am Kader vun Erasmus+!

Am Kader vun engem Austausch mat eiser Partnerschoul “Obchodní Akademie a Střední Odborná škola Logistická” aus Opava an Tschechien, ware mir frou dass mir dëst Joer op en Neits hunn dierfen hiren Direkter, de Petr Kyjovsky an den Enseignant Anatolij Butrym hei am LTEtt begréissen. Si goufe begleet vum den 3 Stagiaire Leona, Natalie an Ondrej, déi an deenen nächsten 3 Woche verschidde Stagen hei zu Lëtzebuerg wäerte maachen. Dofir wëlle mir och den 3 Firmen, déi si encadréieren, ee ganz grousse Merci soen!

Dat ass eemol den ECTO (Tourist Info) vun Ettelbréck, de Patton Musée vun Ettelbréck an dann nach d’Garage Nordstad Carrosserie vun Dikrech. Mir hoffen, dass déi 3 jonk Leit eng interessant a léierräich Zäit hei kënne verbréngen a si frou iwwert déi gutt Zesummenaarbecht mat de Betrieber a besonnesch mat eiser Partnerschoul, mat däer mir säit iwwer 20 Joer flott Projetën ëmsetzen!

Skip to content