D'Optioun "Aktualitéit zu Lëtzebuerg" an der Chamber:

Am Kader vun der Optioun Aktualitéit zu Lëtzebuerg ware Schüler vun der 4ème op Visitt um Krautmaart. Den Härr Junius huet eis net nëmmen de Fonctionnement vun der Chamber erkläert, mee eis och déi eng oder aner flott Anekdoten iwwert Visitten a Schaffen am Parlament ginn. Hien huet eis all Fro op eisem Wee duerch déi impressionant Raimlechkeete beäntwert. Bis bei de Plenarsall sinn eis souguer deen een oder aneren Deputéierten iwwert de Wee gelaf. Dem Här Junius villmools Merci fir seng, mat villen Informatioune gefëllten, Visite guidée.

Skip to content