Eis DC3VE schléisst hir Ausbildung mat super Resultater of!

Den 19.03 war ee wichtegen Owend am Liewe vun eise Schüler aus der DC3VE, nämlech d’Diplomiwwerreechung vun den DAP Venteklassen an der Philharmonie.


Déi ganz Klass huet mat gudde Resultater ofgeschloss a mir gratuléieren hinnen dofir!

Fir 3 Schüler war den Owend awer nach e bëssi méi speziell: 
D’Jessica, den Tobias an de Yannick hunn allen 3 déi 1. Plaz an der “Promotion de travail” beluecht! Ee grousse Bravo fir des exzellent Leeschtung! 

Mir wënschen hinnen alleguer dass hire Wee esou erfollegräich weidergeet an der Aarbechtswelt.

Copyright Fotoen: Blitz pour la Chambre de Commerce

Skip to content