Eis Schüler gi prett gemaach fir de "Prett fir den LTEtt"!

De Projet «Prett fir den LTETT» riicht sech un d’2GSO Schüler, déi zur Missioun kréie bei der nächster Rentrée (also als Premièren) ob d’7e an d’4e Klassen ze goen a fir si Aktivitéiten ze organiséieren.

Op de 7e a 4e Klasse kommen oft ganz nei Schüler oder och just zum Deel nei Schüler beieneen. Dëse Projet soll hinnen d’Ukommen an der Klass an am LTETT erliichteren andeems si sech am Kontext Klass an d’Klass u sech kenneléiere sollen.

Fir dass d’Schüler vun der 2e uerdentlech ob des Aktivitéite virbereet ginn, hunn d’Mme Schroeder an d’Mme Bauer hinnen eng Formatioun gehalen. Si kruten e klengen Abléck an d’Theorie an och an déi praktesch Ëmsetzung vun Aktivitéite gebueden. Des Formatioun huet ausserhalb vun hire Schoulstonne stattfonnt a mir ware frou, dass si zu souvill komm sinn an de Mëtteg flott matgestalt hunn. 

Skip to content