E puer vun eise 5e-Schüler entdecken "d'Hotelschoul":

Am Kader vun der Beruffsorientéierung, ware mir de 16. Abrëll mat 12 Schüler vun eise 5e Klasse fir eng Visitt an d’’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg op Dikkrech. Virun dëser Visitt kruten eis Schüler fir d’éischt déi eenzel Formatioune virgestallt a si konnten all hier Froe stellen. Bei der Visitt si mir hannert d’Kulisse bruecht ginn, wou mir ënnert anerem gesinn hu wéi et an enger professioneller Kichen ausgesäit a wéi do geschafft gëtt. E gelongenen Ofschloss gouf et bei engem Mëttegiessen zum Thema “Peru” wou mir vun de Schüler aus der «Hotelschoul» bekacht an och zerwéiert gi sinn. Doduerch hunn eis Schüler e gudden Abléck kritt wéi hire Schoulalldag kéint ausgesi wann si sech zum Schluss vum Joer dozou decidéieren eng Formatioun hei ze maachen.

Skip to content