Atelier #MengChamber vum ZpB

De 17. Abrëll hunn d‘3GSOF an d‘3GSO3 d’Chambre des Députés besicht an um Atelier #MengChamber (ZpB) deelgeholl. D’Schülerinnen a Schüler hunn als éischt duerfen am Plenarsall Plaz huelen a kruten hei d’Geschicht an de Fonctionnement vum Parlament erkläert. A Gruppenaarbechten missten d’Schülerinnen a Schüler uschléissend eng eege Partei grënnen, sech Gedanken iwwert aktuell politesch Froe maachen an hier Iddie schlussendlech präsentéieren. No der Mëttespaus krute si dunn och nach d’Geleeënheet fir mat zwee Deputéiert ze diskutéieren an hinnen hir Froen ze stellen.

Skip to content