Eemol Andauchen an d'Musekswelt!

Am Kader vum Kulturrallye 2024 haten eis 7P-Klassen zesumme mat hiren Enseignanten d’Chance en Ausfluch an d’Rockhal dierfen ze maachen. Si kruten een Abléck a sämtlech Beräicher wéi zum Beispill de Backstage, de VIP-Beräich, de Musekstudio, d’Proufräim, d’Bünen etc. Plazen op déi de «Grand Public» deelweis guer keen Zougang huet. D’Schüler waren immens interesséiert an engagéiert. Absolut kuckenswäert!

Skip to content