Ee wichtegt Thema a Form vun engem Theaterstéck am LTEtt:

Dëst Schouljoer mécht eise Lycée beim Projet “Nuits d’Aurore” vum “ACTis” mat. ACTis – Compagnie de Théâtre, ass eng lëtzebuergesch Theaterassociatioun déi dëse Projet an d’Liewe geruff huet. Zil ass et, Mobbing an de Klassen ze reduzéieren, an dat gréisstendeels duerch d’Asetze vun der Empathie.

Am ganzen huele 5 vun eise Klassen um Projet deel: d’7G3, d’7G2, d’7G1, d’7P2 an d’7P1.

An deem Kader gouf den 2. Mee een Theaterstéck bei eis am LTEtt organiséiert: “Dem Aurore seng Nuechten”. Dat Stéck gouf zweemol op Lëtzebuergesch virgefouert an ëm déi 300 Schüler*innen konnten deelhuelen. D’Stéck huet eng Stonn gedauert an duerno konnten d’Schüler sech mat de Schauspiller iwwert d’Thematik austauschen.

Ee grousse Merci geet un de CePAS fir d’Finanzéierung, un den ACTis a méi spezifesch un de Fabrizio LEVA, Regisseur vum Theaterstéck an un d’Schauspiller, Micas Carvalho, Magaly Teixeira, Paul Robert an d’Sabrina Brück. Ee grousse Merci geet awer och un eis Schoulgemeinshaft fir déi flott Zesummenaarbecht an Organisatioun, an un eis Schüler*innen fir hieren Engagment an dee flotten Austausch.

Skip to content