Merci fir d'Laanschtkommen op eiser Porte ouverte de 4. Mee!

Mir soen och all Mënsch Merci deen eis deen Dag ënnerstëtzt a gehollef huet, sief dat als Schüler, als Comité oder als Member vun eisem Personal!

Fannt hei e puer Andréck vun der Porte ouverte 2024: 

Direkt an der Entrée hunn eis IG-Schüler un enger impressionanter Konstruktioun hiert Kënnen ënner Beweis gestallt!

Op engem Vëlo selwer Stroum produzéieren? Wéi dat geet krut Dir vun de Schüler an Enseignantë vun der Sektioun Smart Technologies gewisen. 

Op der PS-Klass duerf een net zimperlech sinn…

Och eist Personal vum PSE huet sech Zäit geholl fir Iech hire Service genau ze erklären.

Fir déi Sportlech ënnert Iech hat eist Sportsdepartement ee flotte Parcours virbereet.

Och eise BTS huet sech präsentéiert an d’Departement vum Commerce hat ee klenge Quiz virbereet.

Mir hu keen hongereg oder duuschtereg heemgoe gelooss 🙂 

Fir déi Jonk déi sech fir Autoen a Mechanik interesséiere war een Team u Schüler an Enseignante vun dësem Departement fir Iech do an huet Iech den Atelier gewisen an Är Froe beäntwert.

Wousst Dir datt mir ee “FALT-Team (First Aid LTEtt Team)” hunn? Mir si frou dass mir Schüler hunn déi sech fir dës wichteg Saach engagéieren an dass si Iech eng Demonstratioun virbereet haten!

Dir gesitt, et gouf vill gebueden op eiser Porte ouverte! Eis Schoulmuppen hunn natierlech och net gefeelt a freeën sech schonn op déi nächst Editioun wou mir Iech hoffentlech erëm dierfe begréissen! 

Skip to content