2 Klassen aus dem LTEtt am CAPE:

De CAPE huet zesumme mat zwee lëtzebuerger Kënschtler ee Workshop proposéiert, wou och zwou Klassen aus dem LTEtt sech bedeelegt hunn. De Workshop stung ënnert dem Thema „Express yourself- Dréck dech aus!“. D’Schüler*Innen hunn sech als éischt mat der Schrëftstellerin Gedanken iwwert déi verschiddenst Gefiller gemaach an duerno huet de Kënschtler hinnen e puer Technike vum Spraye méi no bruecht a si konnten hir eegen Toile besprayen/ bemolen. Eis Schüler*Innen goufen encouragéiert sech ze trauen, nei kreativ Weeër ze sichen, ouni jugéiert ze ginn.

Skip to content